Virwuert
Trommelen an Trommeler ginn et schonn zanter dausende vu Joren. Säitdeem huet sech dës
Konscht progressiv weider entwéckelt, esou dass den Drumset (oder d’Batterie) haut eent vun
de populäersten Instrumenter weltwäit ginn ass. Den Drumset, esou wéi mir e kennen, gëtt et
an dëser Form eréischt säit e bësse méi wéi engem Joerhonnert.
Ganz gläich wat de Grond ass wisou’s du Batterie léiers, du hues dir en Instrument erausgesicht
wat enorm villsäiteg ass a vill Prezisioun, Kontroll a Koordinatioun vun Äerm a Been verlaangt.
Drums héiert een haut praktesch iwwerall am Alldag, sief et op engem Concert, um Radio oder
op anere Medien.
Dëst “Drum Book” ass entstanen aus enger Usammlung vun eenzelen Etüden, Exercicer, Skizzen
a moderne Rhythmen, déi ech an de leschte Méint a Joren ausgeschafft an elo zu engem
Ganze komplettéiert hunn.
Ugepasst un de nationale Programm vum Drumset zu Lëtzebuerg, sollt et dem Batteriesschüler
an Enseignant aus de Museksinstitutiounen am Land an iwwer d’Grenzen eraus eng
Hëllef sinn, fir aktuellt an essentiellt Material grëffbereet ze hunn. Et war deemno wichteg,
ee Buch ze hunn, wat all déi fundamental Komponenten deckt, ewéi Lectures-à-vue, Solo’en,
Duo’en a kloer notéiert Rhythmen. Mat stilistescher Diversitéit an Upassung vun de Niveau’en
regroupéiert d’Drum Book all dës Elementer zu engem kompakten an iwwersiichtleche Buch.
Niels Engel
ISMN: 979-0-803876-48-3
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.