Ce service respecte le droit d’auteur. Tous les droits des auteurs des œuvres protégées reproduites et communiquées sur ce site, sont réservés. Sauf autorisation expresse, toute utilisation des œuvres autres que le téléchargement dans le cadre du cercle de famille sont interdites. |
Enseignant- , Schülerbuch &CD
Sprooch: Lëtzebuergesch
Ziilgrupp: Museksenseignanten am Beräich Eveil Musical
An dësem Buch fann Dir eng Idee- a Materialsammlung vir den Eveil Musical. Den Enseignant kritt hei e Buch mat 36 virbereete Stonnen. Den Oflaf vun all Stonn gëtt detailléiert virgestallt. Zu der Enseignantsversioun gehéieren esouwuel d’Schülerbuch ewéi eng CD mat de Lidder déi am Buch ze fanne sinn.
Virwuert vun der Autorin:
»Ee Buch voller Musek« ass quasi aus der Nout eraus entstanen. Vill ze wéineg Material gëtt et aktuell wat de Beräich vun dem »éveil musical« ugeet, fir net ze soe guer keent. Dëse Beräich wiisst awer säit puer Joren enorm an de Museksschoule sinn et déi Coursen déi am beschte beluecht ginn. Hei gëtt de Grondstee fir eng musikalesch Ausbildung geluecht, an et ass hei wou sech ee Kand fir de Musekscours oder géint eng musikalesch Ausbildung an enge vun eise Museksschoulen am Land decidéiert. An dësen zwee Joer »éveil musical« läit onheemlecht Potential fir eis Schüler vun eisem Fach ze begeeschteren a si mat der Musek ze fesselen an hinnen ee musikalescht Wësse mat op hire Bildungswee ze ginn. Musikalesch Bildung soll all Kand erreechen a gehéiert zu enger Allgemengbildung déi all Sënner usprécht. A genee dofir ass dëst Buch entstanen, fir Material ze hunn fir dësen Ufuerderungen gerecht ze ginn.
ISMN: 979-0-803876-02-5
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.